Allgemeine Infos

Ënnerscheeder tëscht Pedalsensor an Dréimomentsensor

Wat ass e Pedalsensor?

E Pedalsensor/Rotatiounssensor registréiert d'Rotatioun vun der Tretachs a miess, wéi dacks deng Pedallen an enger bestëmmter Zäit dréinen. Also deng Trittfrequenz. Vun enger bestëmmter Frequenz u weess de Motor, dass s du Vëlo fërss, a schalt d'Tretënnerstëtzung an.


Well d'Tretënnerstëtzung eréischt ab enger bestëmmter Frequenz oder no der éischter Raduumdreiung erkennbar ass, kënnt d'Ënnerstëtzung bei engem E‑Bike mat Rotatiounssensor mat Verzögerung. Soubal s de ophëls ze trieden oder bremsen muss, ass d'Ënnerstëtzung dowéinst nach e puer Sekonne méi laang ze spieren.


Virdeel: D'Ënnerstëtzung fänkt direkt un, soubal s de ufänks ze trieden.

Nodeel: D'Ënnerstëtzung ass manner gutt op deng Handlunge ofgestëmmt.


Wat ass en Dréimomentsensor/Kraaftsensor?

Genee wéi de Rotatiounssensor schéckt de Kraaftsensor Signaler un de Motor, soubal s de ufänks ze trieden. En E‑Bike mat Kraaftsensor miess zousätzlech, mat wéi vill Kraaft s du fërss.


Beispill: Wann de Kraaftsensor feststellt, dass s du bei enger bestëmmter Trittfrequenz méi Kraaft uwende muss, gëtt d'Ënnerstëtzung méi staark. Dat ass besonnesch praktesch, wann s de op eemol Géigenwand hues, e Bierg erop fërss, oder aus dem Stillstand ufuers.


Virdeel: D'Ënnerstëtzung fillt sech interaktiv an natierlech un, well si direkt op dech als Fuerer reagéiert.

Nodeel: De Motor muss méi haart schaffen. Dat huet Auswierkungen op d'Reechwäit vu dengem Vëlo.

Weider liesen

Kommentar hannerloossen

This site is protected by hCaptcha and the hCaptcha Privacy Policy and Terms of Service apply.